Wëllkomm um Internetsite vum Lënster Bicherclub.

Mir stellen eis vir

Mir sinn e Bicherclub a bei eis dréint sech alles ëm d’Buch …,

De “Lënster Bicherclub” gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Mir hunn esouwuel eise Siège social wéi och eise “Bicherbuttek” an der “Schoul”, 5 rue de l’Ecole, zu Eschweiler (Jonglënster).

De Veräin huet déi folgend Ziler:

  • D’Promotioun, de Schutz, d’ERhalen an d’Verbreede vum lëtzebuergesche Buch.
  • Senge Memberen an der bredder Ëffentlechkeet den Zougank op vergraffen an antiquaresch bicher, absënns Luxemburgensia, méi liicht ze maachen.
  • D’Organisatioun vu Renconteren, déi bestëmmt si fir Bicher ze tauschen an ze verkafen.

Geheit Är al Bicher net ewech !

  • Mir verkaafen déi Bicher, déi mir gespent kruten, zou gënschtege Präisser an einsem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren.
  • Mir organiséieren eemol d’Joer e Bicherbazar an eemol e Bichervekaaf’s Dag zu Eschweiler mat Bicherverkaaf op de Kilo !!
  • Mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf finanzéieren mir Projeten op kulturellem Niveau.

Dir musst allerdéngs verstoen, dass mir näischt fir Är Bicher bezuele kënnen; éischtens géinge mer da Commerce bedreiwen, wat enger A.S.B.L. net erlaabt ass an zweetens benotze mir jo dat Geld, dat mir duerch de Verkaf vun deene gespente Bicher era kréien, fir eis Spenden u Bibliothéiken, Archiver oder aner Ariichtungen maachen ze kënnen.

Bicherbuttek

All Mëttwoch op vun 17 bis 19 Auer.

5, rue de l’Ecole
L-6169 Eschweiler

tél : 26 78 03 46
email: secretaire@bicherclub.lu


4 Monatenvor

4 Monatenvor

Ab dem 8 Januar huet de Bicherbuttek
zu Eschweiler erem all Mëttwoch
vun 17.00 bis 19.00 Auer op.

4 Monatenvor

De Lënster Bicherclub Luxemburgensia
wënscht Iech an Ärer Famill alles Guddes am Neie Joer!
Vill Freed a besonnesch eng gutt Gesondheet!

5 Monatenvor

5 Monatenvor
Fotos von Lënster Bicherclub Luxemburgensias Beitrag

Haut vun 10 - 17 auer 👍🏻

5 Monatenvor

6 Monatenvor
Fotos von Lënster Bicherclub Luxemburgensias Beitrag

No dee Walfer Bicherdeeg fannt Dir eis haut erem op eiser adresse zu Eschweiler 😍

6 Monatenvor

Lenster Bicherclub an der Hall 2 👍🏻

6 Monatenvor

Harry Potter op Lëtzebuergesch!
Buch an d‘Hörbuch
An der Hall 2. Walfer Bicherdeeg 👍🏻

6 Monatenvor
Fotos von Lënster Bicherclub Luxemburgensias Beitrag

Haut a muer zu Walfer op de Bicherdeeg 😉👍🏻

« 2 of 3 »