Wëllkomm um Internetsite vum Lënster Bicherclub.

Mir stellen eis vir

Mir sinn e Bicherclub a bei eis dréint sech alles ëm d’Buch …,

De “Lënster Bicherclub” gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Mir hunn esouwuel eise Siège social wéi och eise “Bicherbuttek” an der “Schoul”, 5 rue de l’Ecole, zu Eschweiler (Jonglënster).

De Veräin huet déi folgend Ziler:

  • D’Promotioun, de Schutz, d’ERhalen an d’Verbreede vum lëtzebuergesche Buch.
  • Senge Memberen an der bredder Ëffentlechkeet den Zougank op vergraffen an antiquaresch bicher, absënns Luxemburgensia, méi liicht ze maachen.
  • D’Organisatioun vu Renconteren, déi bestëmmt si fir Bicher ze tauschen an ze verkafen.

Geheit Är al Bicher net ewech !

  • Mir verkaafen déi Bicher, déi mir gespent kruten, zou gënschtege Präisser an einsem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren.
  • Mir organiséieren eemol d’Joer e Bicherbazar an eemol e Bichervekaaf’s Dag zu Eschweiler mat Bicherverkaaf op de Kilo !!
  • Mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf finanzéieren mir Projeten op kulturellem Niveau.

Dir musst allerdéngs verstoen, dass mir näischt fir Är Bicher bezuele kënnen; éischtens géinge mer da Commerce bedreiwen, wat enger A.S.B.L. net erlaabt ass an zweetens benotze mir jo dat Geld, dat mir duerch de Verkaf vun deene gespente Bicher era kréien, fir eis Spenden u Bibliothéiken, Archiver oder aner Ariichtungen maachen ze kënnen.

Bicherbuttek

All Mëttwoch op vun 17 bis 19 Auer.

5, rue de l’Ecole
L-6169 Eschweiler

tél : 26 78 03 46
email: secretaire@bicherclub.lu


3 Wochenvor

Léif Memberen, de Lënster Bicherclub ass frou,
Iech matdeelen ze kennen, dat de Bicherbuttek zu Eschweiler erëm all Mëttwochs tëschent 17.00 an 19.00 Auer op wäert hunn.

2 Monatenvor

De Bicherbuttek vum LBC, huet all Mëttwochs
teschent 17 an 19 auer op. Bicherverkaaf vu Spenden fir e gudden Zweck 👍🏻
Merci fir all aer Bicherspenden. Maskepflicht am Bicherbuttek

5 rue de ... Sehen Sie mehr

4 Monatenvor

De Bicherbuttek vum LBC, all Mëttwochs teschent 17 an 19 auer op. Bicherverkaaf vu Spenden fir e gudden Zweck 👍🏻
All Woch néi Bicher. Mindestofstand a Maskepflicht am Bicherbuttek.

5 Monatenvor

De Bicherbuttek vum LBC, huet nees all Mëttwochs teschent 17 an 19 auer op. Bicherverkaaf vu Spenden fir e gudden Zweck 👍🏻
Merci fir all aer Bicherspenden. Mindestofstand a Maskepflicht am ... Sehen Sie mehr

6 Monatenvor

Opgepasst,
obwuel nees e gréisseren Chantier duerch Eschweiler geet,
ass den Zougang an de Bicherbuttek awer méiglech !!!

Mir huelen all Zort vu Bicher un (si solle just an engem gudden Zoustand ... Sehen Sie mehr

6 Monatenvor

Vill néi Bicher, vu Bicherspenden. 👍🏻
Mir huelen all Zort vu Bicher un (si solle just an engem gudden Zoustand sin), fir weider ze verkaafen, domadder finanzéiere mir Projeten op kulturellem ... Sehen Sie mehr

« 1 of 3 »