Lënster Bicherclub

Luxemburgensia A.S.B.L. RCSL: F8740

Wëllkomm um Internetsite vum Lënster Bicherclub.

Mir stellen eis vir

Mir sinn e Bicherclub a bei eis dréint sech alles ëm d’Buch …,

De “Lënster Bicherclub” gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Mir hunn esouwuel eise Siège social wéi och eise “Bicherbuttek” an der “Schoul”, 5 rue de l’Ecole, zu Eschweiler (Jonglënster).

De Veräin huet déi folgend Ziler:

  • D’Promotioun, de Schutz, d’Erhalen an d’Verbreede Buch.
  • Senge Memberen an der bredder Ëffentlechkeet den Zougank op vergraffen an antiquaresch bicher, Luxemburgensia, méi liicht ze maachen.
  • D’Organisatioun vu Renconteren, déi bestëmmt si fir Bicher ze tauschen an ze verkafen.

Geheit Är al Bicher net ewech !

  • Mir verkaafen déi Bicher, déi mir gespent kruten, zou gënschtege Präisser an einsem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren.
  • Mir organiséieren eemol d’Joer e Bicherbazar an eemol e Bichervekaaf’s Dag zu Eschweiler mat Bicherverkaaf op de Kilo !!
  • Mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf finanzéieren mir Projeten op kulturellem Niveau.

Dir musst allerdéngs verstoen, dass mir näischt fir Är Bicher bezuele kënnen; éischtens géinge mer da Commerce bedreiwen, wat enger A.S.B.L. net erlaabt ass an zweetens benotze mir jo dat Geld, dat mir duerch de Verkaf vun deene gespente Bicher era kréien, fir eis Spenden u Bibliothéiken, Archiver oder aner Ariichtungen maachen ze kënnen.

Bicherbuttek

All Samschdeg op vun 14 bis 17 Auer.

5, rue de l’Ecole
L-6169 Eschweiler

tél : 26 78 03 46
email: secretaire@bicherclub.lu


E Samschdeg den 27. Abrell huet sech de Lënster Bicherclub Luxemburgensia vun 14.00 bis 17.00 Auer zu Eescheler zesumme fonnt, fir zwee mol een Don ze iwwerreeschen.
No der Begréissung duerch de President dem Här Anicet Schmit huet de Lënster Bicherclub Luxemburgensia jeeweils 3000 Euro un den d’Ecole fondamentale vun Gonnereng, an en 2ten Don vun 3000 € un d’Association “ Il était une fois… asbl “ (Bibliothèque multilingue fir Kanner vun 0 bis 10 Joër) iwwerrescht.
Am Kader vun LITERATOUR2024 zu Beetebuerg hu mir fir de „Prix Laurence“ en Don vun 3000€ gemach



All Woch eng parti nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
Mir verkaafen des Bicher, mat dem Erléis finanzéiere mir Projeten op kulturellem Niveau.
(10 % fir all eis Memberen 👍🏻)


D’Bicherkabinn zu Jonglënster virum Centre Culturel Am Duerf,
ass geduecht fir Bicher (an engem gudden Zoustand) ze tauschen oder ze léinen.
La cabine de livres est à votre disposition pour emprunter ou échanger des livres (en bon état) .
The book booth is available for borrowing or exchanging books (in good condition).
An Zesummenaarbecht mam Lënster Bicherclub Luxemburgensia an der Lënster Bibliothéik.


2 Jahrevor

De Bicherbuttek och dëse Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op.
All Woch nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
NEI GROUSS WIEL UN ANTIQUARIAT BICHER !!!
Vill nei Romaner/ Kannerbicher ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

Bicherverkaaf 1€ de kilo haut zu Eschweiler am Bicherclub 👍🏻

2 Jahrevor

Net vergiessen dëse Samsdeg 14 Mee, grousse Bicherverkaaf, Kannerbicher, Romaner (däitsch/franseich/englech), Konschtbicher, Antiquariat, Luxembourgensia, Geschichtsbicher, Literaturbicher asw. Den ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

Save the Date 👍🏻😉

2 Jahrevor

De Bicherbuttek och dëse Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op.
All Woch nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
Vill nei Kannerbicher / BD / Antik Bicher a villes méi...
Opgepasst, ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

De Bicherbuttek och dëse Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op.
All Woch nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
Opgepasst, duerch Aarbechten am Haff vum Gebai,
ass d'Entrée vum ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

De Bicherbuttek as all Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op.
All Woch nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
Mir verkaafen des Bicher, mat dem Erléis finanzéiere mir Projeten op ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

De Bicherbuttek as all Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op.
All Woch nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻

Mir verkaafen des Bicher, mat dem Erléis finanzéiere mir Projeten op ... Sehen Sie mehr

2 Jahrevor

De Bicherbuttek as nees all Mëttwoch teschent 17 an 19 auer op. All Woch eng parti nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden. 👍🏻
Mir verkaafen des Bicher, mat dem Erléis finanzéiere mir ... Sehen Sie mehr

3 Jahrevor

Mir informéieren Iech, dat de Bicherbuttek de 29. Dezember 2021 zou bleiwt! Mir sinn nees ab dem 5. Januar all Mëttwochs vun 17.00 bis 19.00 Auer fir Iech do.
De Lënster Bicherclub wënscht Iech ... Sehen Sie mehr