Wëllkomm um Internetsite vum Lënster Bicherclub.

Mir stellen eis vir

Mir sinn e Bicherclub a bei eis dréint sech alles ëm d’Buch …,

De “Lënster Bicherclub” gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Mir hunn esouwuel eise Siège social wéi och eise “Bicherbuttek” an der “Schoul”, 5 rue de l’Ecole, zu Eschweiler (Jonglënster).

De Veräin huet déi folgend Ziler:

  • D’Promotioun, de Schutz, d’ERhalen an d’Verbreede vum lëtzebuergesche Buch.
  • Senge Memberen an der bredder Ëffentlechkeet den Zougank op vergraffen an antiquaresch bicher, absënns Luxemburgensia, méi liicht ze maachen.
  • D’Organisatioun vu Renconteren, déi bestëmmt si fir Bicher ze tauschen an ze verkafen.

Geheit Är al Bicher net ewech !

  • Mir verkaafen déi Bicher, déi mir gespent kruten, zou gënschtege Präisser an einsem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren.
  • Mir organiséieren eemol d’Joer e Bicherbazar an eemol e Bichervekaaf’s Dag zu Eschweiler mat Bicherverkaaf op de Kilo !!
  • Mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf finanzéieren mir Projeten op kulturellem Niveau.

Dir musst allerdéngs verstoen, dass mir näischt fir Är Bicher bezuele kënnen; éischtens géinge mer da Commerce bedreiwen, wat enger A.S.B.L. net erlaabt ass an zweetens benotze mir jo dat Geld, dat mir duerch de Verkaf vun deene gespente Bicher era kréien, fir eis Spenden u Bibliothéiken, Archiver oder aner Ariichtungen maachen ze kënnen.

Bicherbuttek

All Mëttwoch op vun 17 bis 19 Auer.

5, rue de l’Ecole
L-6169 Eschweiler

tél : 26 78 03 46
email: secretaire@bicherclub.lu


6 Monatenvor

Kommt eis besiichen, all Mëttwochs vun 17 bis 19 Auer...

6 Monatenvor